D'Iwwersetzungsagence Peter & Clark feiert seng éischt 20 Joer Exzellenz
Dësen 27. September, Donneschden Owend, fir seng éischt 20 Joer Exzellenz ze feieren, huet Peter & Clark – Multilingual Communication eng honnert Clienten op e Gespréich mam Här Philippe Masset, Direkter vun Degroof Petercam, de Prof. Bruno Colmant, Head of Macro Research vun Degroof Petercam, d‘Madame Justine Henin, fréier Weltmeeschterin an olympesch Tennisspillerin, aktuell Presidentin vun der Associatioun „Justine for Kids“ an den Här Pierre Marcolini, berühmte Chocolatier a Pâtissier, agelueden.
An de Reimlechkeeten vum Hotel Royal, ass den Owend vum Bob Delbecque animéiert ginn, deen direkt am Ufank den Michel Grevesse?Sovet, Direkter vum Grupp Peter & Clark, op d'Bühn invitéiert huet.
Nodeems hien sech bei sengen Clienten a Partner fir hiert Vertrauen wärend deenen éischten 20 Joer bedankt huet, ass hien kuerz op d’Grënn fir den Erfolleg vu senger finanzieller an juristescher Iwwersetzungsfirma agaangen; Qualitéit, Reaktivitéit a Kompetitivitéit, dank den villen Talenter déi seng Equipe, déi sech op Innovatioun an der Sproochentechnologie an den komplexen Terminologien fokusséiert, ausmecht. Den Direkter vun der Bank Degroof Petercam huet fir d’éischt d’Versammlung iwwert den Entrepreuneuriat an enger speziell gereegelter Finanzwelt ënnerhalen, uschleissend huet den Här Bruno Colmant e Bild iwwert d’Weltwirtschaft erstallt, d’Reegelungsëmfeld kommentéiert an un d’Stärkten a Virdeeler vum Groussherzogtum Lëtzebuerg erënnert.
No dësen Firträg huet den Moderator d’Madame Justine Henin an den Direkter vu Peter & Clark op d’Bühn geruff. Anlässlech dem 20. Joresdag, wollt Peter & Clark der Associatioun „Justine for Kids“, déi d’Firma seit 2015 ënnerstëtzt, e Cado maachen. De Verwaltungsrot vu Peter & Clark – Multilingual Communication haat décidéiert e Chèque am Wert vu 5.000 Euro z’iwwerreeschen fir d’Associatioun beim emsetzen vun hiere schéine Projeten zugenschten vun kriibskranke Kanner an hiere Familjen ze hëllefen. D’Madame Justine Henin huet uschleissend kuerz déi verschidden Aktiounen firgestallt.
Fierum lancéieren vum Cocktail?Dinner, huet den Här Bob Delbecque den Här Pierre Marcolini opgefuedert d’Iwwerraschung vum Owend ze leften. Extra aus Bréissel agereest zu dësem Ulass, haat de berühmte Chocolatier eng wonnerbar Pièce Montée preparéiert fir den 20. Joresdag vun der Iwwersetzungsfirma ze feieren. Nodeems hien e puer Froen betreffend seng Leidenschaft a säi weltweiten Erfolleg beäntfert huet, huet de Chocolatier den Dessertsbuffet ugeriicht fir d’Gäscht kulinaresch ze verwinnen.
Den Owend war geprägt vu flotten Echangen, vill Freed an Ennerhaalung dank dem musikalesche Programm vun engem bekannten DJ vun der Plaz. Als Erennerung un desen gesellegen Moment, gouf den Invitéen en Entdeckungscoffret vum Pierre Marcolini ausgedeelt.
Communiqués liés
En référence à la diversion du vol LG662 du 21.09.2023
Le vol Luxair LG662 de Malaga vers Luxembourg, du jeudi, 21 septembre a dû êtr...
CERATIZIT launches the first PCF standard for cemented carbi...
On the occasion of EMO 2023 in Hanover, CERATIZIT, has kicked off the introducti...
La Rehaklinik renforce la voix de ses patients
Dans le cadre de la Journée mondiale de la sécurité des patients 2023, qui se...
CERATIZIT acquires Xceliron Corp.
CERATIZIT S.A., part of the Plansee Group, has acquired all shares of Xceliron C...
Laurent Zahles nommé nouveau Président du Comité de Direc...
Banque Raiffeisen annonce plusieurs changements au sein de son Comité de Direct...
Sport Buff enrichit la plateforme Media-as-a-Service de BCE ...
Sport Buff, fournisseur d’une solution dédiée à la participation des fans e...
Il n'y a aucun résultat pour votre recherche